Op den Haaptinhalt sprangen

Mat Haerz an Hänn versuergen

Schon ëmmer loung et mir um Häerz meng Matmënsche mat Empathie ze begleeden an opmierksam fir si do ze sinn, an hierem eegene Rhythmus an am Respekt vun hierer Liewenserfarung. Duerch meng villjäreg Beruffserfarung am soziale Beräich konnt ech een déift Matgefill an eng aktiv Nolauschterfäegkeet entwéckelen. Dës mënschlech a beräicherend Erfarung huet meng Aarbecht staark gepräägt

Aus Leidenschaft hunn ech mech der Reflexologie zougewannt, well ech fest vun hire positiven Auswierkungen op Kierper a Geescht iwwerzeegt sinn. Dës spezialiséiert Technik dréit zum Erhale vum kierperleche Gläichgewiicht bäi a kann Entlaaschtung, Berouegung souwéi kierperlech a mental Entspanung mat sech bréngen. D’Approche ass net-invasiv, douce a gläichzäiteg déifgräifend, a lauschtert op de Kierper iwwer d’Féiss an d’Hänn.

Foussreflexologie

All Séance ass eng eenzegaarteg Erfarung, am Aklang mat Ärem momentane Zoustand, Äre Wierder an ären Emotioune. Dir sidd bequem installéiert, an d’Reflexzonen, déi mat den Haaptorganer a Verbindung stinn, ginn op béide Féiss exploréiert. Dëst erlaabt eng Aart „Liesen“ vun Ärem aktuelle Zoustand — Gläichgewicht, Spannungen, Sensibilitéiten.

Et ass eng Paus fir Iech, als besonnesche Moment, an deem Dir Ärem Kierper a Geescht d’Méiglechkeet gitt, sech ze entspanen an nei Energie ze tanken.

Handreflexologie

D’Hänn, déi am Alldag stänneg am Gebrauch sinn, accumuléieren dacks Spannungen, déi oft net bewosst wouergeholl ginn. Si spille dofir eng wichteg Roll an der reflexologescher Praxis.

D’Behandlung erstreckt sech iwwer déi ganz Hand, inklusiv den Ënneraarm. Spezifesch Drock- a Mobilisatiounstechnike erméiglechen eng séier a déif Entspanung.

just op rendez-vous

Déplacementer bei Persounen doheem déi an enger Behënnerungssituatioun oder déi aus gesondheetleche Grënn net mobil sinn.

Sproochen: LU / FR / DE / PT / EN

Wou?
Cabinet essence de vie

4, am Duerf
3436 Dudelange

vun donneschdes bis samsdes
11h00 - 20h00

FAQ

Wien sinn ech?

Mat engem Bachelor an der Education spécialisée, mat Schwéierpunkt op psycho-edukativer Begleedung, hunn ech iwwer 18 Joer Erfarung an der Begleedung vu Persoune mat Handicap a spezielle Besoine.

Nieft ménger berufflecher Erfarung hat ech d’Chance, u verschiddene Weiderbildungen deelzehuelen, ënnert anerem, am Beräich vun der Kommunikatioun, an der palliativer Fleeg souwéi an der basaler Stimulatioun.

Ech sinn zertifizéiert an der Foussreflexologie – Method Ingham – duerch de Centre de Réflexologie du Luxembourg, deen unerkannt ass duerch den europäesche Label R.I.E.N. (Reflexology in Europe Network). Uschléissend hunn ech mech weider spezialiséiert an der Foussreflexologie fir Puppelcher a schwanger Fraen, souwéi an der Hand- a Gesiichtsreflexologie.

Geleet vum Wëllen ze léieren, hunn ech mech schonn ëmmer gäre mat diversen, natierlechen Praxisformen auserneegesat fir dem Mënsch a senger Déift a Feinheet besser ze verstoen.

Reflexologie - wat ass dat?

D’Reflexologie ass eng douce Massagetechnik, bei där Reflexzonen op de Féiss an op den Hänn stimuléiert ginn (ronn 7 200 Nervenendunge pro Fouss an ongeféier 3 000 pro Hand). Dës Reflexzonen stinn a Verbindung mat de verschiddenen Organer, Funktiounen an Deeler vum Kierper.

Duerch d’Stimulatioun vun dëse Beräicher, mat gezielten a spezifesche ausüben vun Drock, huet d’Reflexologie zum Zil:

  • déi natierlech Selbstregulatioun vum Kierper ze ënnerstëtzen
    an de Fonctionnement vun den Organer an Kierpersystemer ze fërderen
    (Verdauungs-, hormonellt, lymphaatescht, respiratorescht a muskuläert System)

  • Beschwéieren ze berouegen, déi a Verbindung mat verschiddene Problemer stinn
    (z. B. gastro-intestinal Stéierungen, Migränen, Muskel- oder Gelenkschmäerzen, staark Schmäerzen während der Menstruatioun )

  • kierperlech a mental Entspanung ze bréngen,
    zum Beispill bei Stress, Angschtzoustänn, Schlofstéierungen, Burn-out
    oder während psychologesch Begleedun

Entreprisen

D’Integratioun vun der Reflexologie ënnerhalb vun enger Entreprise ass eng effektiv a präventiv Moossnam fir psychosoziale Risiken. 

All Seance bitt eng erhuelsam Paus am Alldag a fërdert d’Entspanung an d’Berouegung vum Nervesystem. Dëst dréit dozou bäi, d’Gläichgewiicht an dat allgemengt Wuelbefanne vun de Persounen ze erhalen an ass sou eng Zäit fir nei Kraaft ze tanken

Fir méi Informatiounen zu de Modalitéiten, Disponibilitéiten an Tariffer, bieden ech Iech, mech ze kontaktéieren

Aner Informatioune

D’Foussreflexologie gëtt vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO – Rapport 2013–2014) als eng komplementar Technik unerkannt. Et handelt sech also ëm en ergänzend Mëttel, dat zur Gesondheet bäidroe kann a komplementar zu anere medezineschen oder net-medezineschen Technike praktizéiert ka ginn.

Si huet net d’Zil, eng Diagnos ze stellen, a ersetzt op kee Fall eng medezinesch Consultatioun. Si kann awer als komplementar Fleeg zu all Zort vu Behandlung ugesi ginn.

Kontraindikatioune si Phlebitten, Verletzunge vun de Féiss oder Wueden, Persounen déi eng Organtransplantatioun haten, souwéi Persoune mat engem Häerzschrittmacher. Am Fall vu Féiwer an an den éischten dräi Méint vun der Schwangerschaft.

Code de déontologie

Ech engagéiere mech, all Persoun mat Opmierksamkeet a Respekt a senger Ganzheet ze begéinen an hir kierperlech wéi och psychesch Integritéit ze schützen.

Meng Aarbecht versteet sech als eng ënnerstëtzenden a komplementar Approche. Ech engagéiere mech, meng Praxis op kee Fall als Ersatz fir d’Aarbecht vun de Gesondheetsprofessionellen ze gesinn. Ech stelle keng Diagnosen, ginn keng medezinesch Virschrëften a gräifen net a lafend Behandlungen an. D’Reflexologie ersetzt keng medezinesch Consultatioun.

Ech engagéieren mech, mat Diskretioun, Vertrauen a Respekt ze handelen an d’Vertraulechkeet vun allen Informatiounen ze garantéieren, déi am Kader vun der Begleedung gedeelt ginn.

Tariffer

Séance fir Erwuessener (60min)

80€

Kanner vu 2 bis 14 Joer (45min)

60€

< 2 Joer (30min)

40€